Seit menger Kandheet (an daat sin elo baal 60 Joor) war ech Emmer vun Bébé'en/Kanner begeschtert. Leider huet meng Mamm keng Chance gehaat vir en zweet Kand an sou hun ech mech mat mengen Poppen als "Schwester"zefridden gin. Vu dass meng Mamm Neiesch war, kruuten meng Poppen ganz vill gebitzt. Den Poppenschaaf ass baal geplatzt. Me vun dem Moment un wou et gangen ass, huet meng Mamm mech bei Bitzmaschine gesaat an sou hun ech no an no geleiert mech selwer anzekleeden. Daat koum mir Jooren mei speit ze gudd, wie ech selwer 4 Kanner hun missen ankleeden. Mir woor schnell klor, dass Stoff an bitzen en krak mei böllech woor wie et an den Buttek kaafen ze goen. Och wann ech eng kleng Paus dotöscht haat -  et ass wie mam Velo fuuhren, daat verleiert een nie.

Hei op menger Seit gesidd dir, waat ech elo an leschter Zeit alles gebitzt hun vir Leid die individuell Sachen gären hun!

Dir geheiert vlait och zu sou Elteren an dir sicht eppes Bestömmtes - dann schreift mech einfach un - ech freen mech!

Vill Spass beim "Wullen" op menger Seit. .